5055338562_4b0f58b88d_o

Folterstaat USA

Zenter kuerzem ass bekannt, mat wat fir enge grujelege Methode CIA, Leit gefoltert huet.
Dëse Rapport liest sech ewéi d’ “Malleus Maleficarum” an dach ginn et nach  zenséiert Plazen déi wuel souguer der CIA ze schlëmm, oder esouguer ze Mënschenonwierdeg waren.

Enner anerem goufen d’Affer vun der Folter mat haarder Musik dauerbeschallt, kruten Äisduschen, goufe gewiergt, op Schloofentzug gesat bis se gefuebelt hunn an rektal zwangsernährt.
Alles  Doten déi een esou nëmmen vun de schrosten Diktature kennt. An dach, goufen se net vun enger Diktatur duerchgefouert mä  vun engem Land dat sech demokratesch nennt. E Land wat sech selwer “The land of the free and the home of the brave” nennt. D’Jonkpiraten froen sech, wei een déi schänterlech Dote mat enger Demokratie ka vereenegen.
Mir fäerten och elo, datt dei ganz Affär ënnert den Teppech gekiert gëtt a bezweifelen, datt et fir ee Verantwortlechen do ee  Nospill wärt  ginn. Weder fir déi Leit déi d’Folter ausgefouert hunn, nach fir déi Leit, déi se guttgehalen hunn. Héchstens ee Baurenaffer wärt et ginn, wann den Drock vun anere Länner ze grouss gëtt.

A genau dat dote wëlle mir verhënneren. Et geet net duer einfach ze soen, datt een dat Allerhand fend. Neen, et muss elo gehandelt ginn.
Lëtzebuerg,  d’EU an all anert Land dat sech ziviliséiert nennt, muss elo mat der Fauscht op den Dësch schloe fir kloer ze maachen, datt Folter am  21. Jorhonnert näischt méi ze sichen huet. Hei mussen et Konsequenzen  ginn! Sanktioune fir e Land, dat hei kloer Mënscherechter mat Féiss trëppelt ënnert dem Deckmantel vun der Nationaler Sécherheet.

D’Jonkpiraten fuerderen dofir:

  • Den direkte Stopp vun allen Verhandlunge mat dem Folterstaat USA.
  • Datt all Verantwortleche viru Gericht gestallt gëtt.
  • D’USA virum Internationale Geriichtshaff wéinst Mënscherechtsverletzung ugeklot gëtt.

“Et ass einfach traureg an net ze gleewen, datt et am 21. Jorhonnert ënnert de Länner déi sech selwer als Demokratesch bezeechnen, nach Folter existéiert. Leider schéngt hei d’USA awer am Mëttelalter hänke  bliwwen ze sinn. Dat ass einfach nëmmen onwierdeg vis-à-vis vun der Gesellschaft” sou de Sam Grüneisen,zoustännegen fir Aussepolitik vun de Jonken Piraten.

( Image Source: https://www.flickr.com/photos/shriekingtree/5055338562/in/photostream/ )

Jonk Piraten Kongress 2014

De Freiden den 22.8.2014, invitéieren d Jonk Piraten op hiren Jäerlechen Landeskongress zu Koplescht am PPLu Headquarter op 1a, route de Luxembourg.

Ab 13 Auer kennen Memberen, Sympathisanten an Intresséierter kommen. Um 14 Auer geet de Kongress un mat der Welkommensried. Duerno ginn Kandidaturen fir Posten fir dat nächst Joer virgelies an gewielt. Spéider ginn Unträg beaarbecht. Zum Schluss dann en locker Sëtzung vum neien Comitée. All Kommenden ass och invitéiert herno nach bësse mam opbau fir ons Summerfest ze hëllefen. Um Enn géifen mir dann all zesummen op d Schueberfouer goen.

Hei fannt dir e Link zu onserem Facebook Event: https://www.facebook.com/events/1470940753166105

cc by nc Simon Lieschke

Jonk Piraten irritéiert iwwert latent Diskriminéierung vu transsexuelle Persounen

Am 21. Jorhonnert kéint een denken, datt d’Thema Transsexualitéit am Alldag ukomm ass an datt de Gläichbehandlungsgrondsaz fir all Mënschen ziele géif. Leider ass dem net sou wéi d’Jonk Piraten elo hu missten irritéiert feststellen. Rezenterweis gouf eng Bekannte vum Michèle Stiefer, Member vun de Jonk Piraten, vun engem Fitnessstudio als Cliente ofgeleent, just well sie am Kierper vun engem Mann gebuer gouf, deen awer mëttlerweil operativ hannert sech gelooss huet. D’Michèle seet dozou: „Trotzdem datt sech dës Bekannten net nëmmen als Fra fillt, mä och äusserlech all Geschlechtsmerkmaler vun enger Fra huet, gouf hir gesot sie kéint net Member an engem renge Fraefitness ginn.”

D’Begrënnung déi vum Fitnessstudio geliwwert gouf, eng transsexuell Persoun géif di aaner Clienten irritéieren, weist wéi wäit transsexuell Persounen weiderhi diskriminéiert ginn”, sou d’Michèle weider.

D’Jonk Piraten fuerderen d’Regierung op no der Ouverture vum Mariage fir jiddereen net aus den Aen ze verléieren datt et trotzdem nach emmer latent Diskriminéierungen géing LGBTQ*-Mënsche gëtt an dofir géint des Diskriminéierungen vehement virzegoen!