SpontanDEMO géint d’EU-Copyrightdirektiv

Veröffentlicht von Florian Holtgen am

Den Dënschden ass déi nei EU-Urheberrechtsdirektiv gestemmt ginn an domat wäert se a Kraaft trieden.

Mat dëser Trauerdemo op der Plëss ruffe mir Iech alleguer op laanscht ze kommen a fir den Dout vum Internet ze traueren.

Dir kennt op de Podium klammen, ären Disagreement haart ausdrécken an domat den EU Deputéierten déi fir d’Direktiv gestemmt hunn weisen dass mir eis NET sou einfach ënner kréie loossen!

Den Dënschden 26. Mäerz gouf iwwert déi nei EU-Urheberrechtsdirektiv gestemmt. Eng Majoritéit huet sech fir d’Direktiv entscheet ouni iwwerhaapt een Amendement un ze kucken.
Mir ruffen haut den 27. Mäerz 2019 um 18:00h op eng spontan Demo op, fir de Deputéierten ze weisen dass mir net mat der Entscheedung d’Accord sinn an hier Entscheedung komplett ondemokratesch getraff gouf. D’Vollek gouf net gehéiert!

Problematesch un der geplangter Reform si virun allem d‘Artikele 15(resp. 11) a 17(resp. 13). Artikel 15 stellt d‘Verlinke vu virun allem Presseartikelen a Fro, wärend den Artikel 17 Uploadfiltere mat sech brénge wäert, déi eng grouss Gefor fir d‘Meenungsfräiheet duerstellen.

Jonk Piraten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.